Roger Lepage

Catégories : 
Candidat(e)s 2017
Commune : 
Käerjeng
Profession : 
Enseignant
Localité : 
Hautcharage

49 Joer, bestuet, 2 Kanner, 1 Mupp an 1 Kaz
Fräizäit: Elektresch Trotinette, Vëlo a Moto fueren, Schwammen, mam Hond spadséiere goen, Kajak a Boot fueren

Spaass u Beweegung – eng Spillwiss fir Hënn a nei Trëppeltier

D’Politik vun déi gréng erlaabt mir et, mech fir Themen anzesetzen, déi mir um Häerz leien, wéi zum Beispill den Erhalt an Ausbau vun den Bongerten an der Gemeng an d'Fërderen vu méi gerechten Handel mat Länner vun der drëtter Welt an d’Integratioun vun deene Wäerter an d’Educatioun vun deene Jonken.

Fir d’Gemeng Käerjeng fannen ech et wichteg Alternativen zum Atomstroum ze fërderen, zum Beispill duerch d’Kreatioun vu Cooperativen. Méi Spaass u Sport a Beweegung an der Fräizäit kënnen zum Beispill eng Spillwiss fir Hënn, den Ausbau an d'Vernetzen vun de Vëlospisten, d’Kreatioun vu neien Trëppeltier, eng Bëschcrèche an e Volleyballsterrain fir déi Jonk bréngen.