Martine Pilot

Catégories : 
Candidat(e)s 2017, Commissions
Commune : 
Käerjeng
Profession : 
Enseignante am Enseignement fondamental zu Péiteng
Localité : 
Clemency

Member vun der Kulturkommissioun

51 Joer, 1 Kand

Eng partizipativ Gestaltung vun der Zukunft läit mir um Häerz

Fir mech hunn déi lescht Wahlen an d’Fusioun vun eiser ländlecher Gemeinschaft zu Kënzeg mat dem méi « urbane » Käerjeng den Ustouss ginn, mech gemengepolitesch ze engagéieren. Bei déi gréng konnt ech meng Prioritéiten, dat  heescht d’Notzung vun nohaltegen Energien an d’Ënnerstëtzung vun eisen eelere Bierger am beschte matgestalten an ënnerstëtzen.

Zu Kënzeg wunne vill Leit, déi e gewëssenen Alter erreecht hunn. Mir ass et wichteg, dat si zum Beispill am Ëmgang mat neie Kommunkatiounstechnologien an och an der Mobilitéit déi richteg Ënnerstëtzung kréien. An der Zukunft gesinn ech awer virun allem d’Potential vum Matenee vun de Generatiounen. Et léit mir um Häerz, datt Jonk an Aal zesumme fannen, am Respekt zum Mënsch, zu den Déieren an zu der Natur.