Luca Ney

Catégories : 
Candidat(e)s 2017
Commune : 
Käerjeng
Profession : 
Student
Localité : 
Fengeg

18 Joer
Fräizäit: Fussball (am Moment zu Käerch), Vëlofueren, Lafen

An eiser Gemeng gëtt et vill Gréngs a Bësch an dat soll sou bleiwen

déi gréng si fir mech eng Partei, déi hire Bléck no vir riicht an dobäi kee vun eis aus den Ae verléiert, sief dat am Beräich Ëmwelt an Natur oder an der Sozialpolitik. Dofir hunn ech mech entscheet, dee Wee matzegoen a meng Iddie mat an d’Spill ze bréngen.

Mir léit d’Zukunft um Häerz. Mir liewen an enger Gemeng wou et, am Géigesaz zu anere Gemengen, nach vill Gréngs a Bësch gëtt an dat soll esou bleiwen. Een zweete wichtege Punkt fir mech ass, datt mir déi kleng Dierfer aus eiser Gemeng net vernoléissegen an do genau esou erfollegräich a produktiv schaffen, wéi an deene méi groussen Deeler vun der Gemeng.