Jang Beidler

Catégories : 
Comité, Candidat(e)s 2017, Commissions
Commune : 
Käerjeng
Fonction : 
Membre / Mitglied
Profession : 
Educateur mat brevet de maîtrise
Localité : 
Kënzeg

58 Joer, 4 Kanner, dovun 1 Bonuskand
Fräizäit: Liesen, kreatiivt Schaffen, Wanderen, Pétanque, Upcycling, eng oppen an éierlech Sträitkultur

  • President vun der Kommissioun fir Jugend, Drëtten Alter a Fräizeit

Meng Prioritéit ass et, eis Ëmwelt esou gutt e wéi méiglech ze versuergen. Dofir sinn ech zanter 1990 bei déi gréng engagéiert. Ouni d’Natur kënne mir als Mënschen net funktionéieren, dofir gëllt et propper Energie ze fërderen an Katastrophe wéi Tschernobyl oder Fukushima ze vermeiden. An eiser Gemeng gouf mat Hëllef vun déi gréng vill am Energieberäich ëmgesat (Solarpanneauën op verschiddenen ëffentleche Gebaier, Vëlosweeër, eng méi intelligent a propper Offallpolitik asw.).

Fir en zouverlässegen an effizienten ëffentlechen Transport

Ëmweltschutz kann een op vill Manéiere fërderen: manner Dreck produzéieren, keng fossil Energië méi an der ëffentlecher Mobilitéit benotzen asw. Et ass mir och wichteg, dat méi Zouverlässegkeet am ëffentlechen Transport ze schafen, zum Beispill duerch elektronesch Zäitangaben a Busspuren, fir dat d’Leit wësse wéini de Bus kënnt a fir dat de Bus och zu Spëtzenzäiten efficace funktionéiert.