WAASSERWIRTSCHAFTSPLANG 2015-2021

Publié le

Am Joer 2000 huet d’EU eng sougenannt Waasserrahmenrichtlinn (WRRL) festgeluecht mam Zil dass europawäit bis 2015, allerspéitstens awer bis 2027 all iwwer-an ënnerierdesch Gewässer missten an en gudden ökologeschen an chemeschen Zoustand bruecht ginn.

Dir gesidd, das mir als Flosspartnerschaftvun der Kor der Waasserverwaltung eis Hëllef unnbidden fir de Moossnahmekatalog ze realiséieren,  esouwuel um Niveau vun eisem Wëssen an eisen Kompetenzen, ewéi och op techneschem Niveau. Mir schloen vir, eis global em sämtlech Aspekter ze këmmeren, well all déi verschidden Volete parallel mussen consideréiert ginn. Et kann net sinn, dass een Secteur ewéi d’Kläranlagen, ganz streng Oplage kritt, an en aneren Secteur guer keng.