Vote vum Contournement vu Käerjeng

Publié le

Déi gréng Käerjeng si frou, dass mam Vote vum Gesetz N°7284 iwwert de Contournement vu Bascharage, e Projet dee scho Joerzéngte laang diskutéiert gëtt, endlech säi Wee duerch d'Instanze fonnt huet.

Den Dossier vum Contournement ass fir déi gréng Käerjeng ëmmer komplizéiert gewiescht, well enger säits d’Liewensqualitéit vun de Bierger an anerer säits den Erhaltan de Schutz vun der Natur géint eneen ofzeweien sinn. Dofir hu mär eis ëmmer dofir agesat Léisungen ze fannen déi den Impakt op d’Natur sou kleng wéi méiglech géingen halen an trotzdem eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit am Zentrum vu Bascharage géing erméiglechen.

Déi gréng Käerjeng hunn ëmmer gefuerdert, dass een deen Dossier misst sachlech ugoen, eng serieux Analys vun der Situatioun maachen an all d’Méiglechkeeten consideréieren, sou wéi mer dat den 27 Juni 2016 an eisem Avis am Gemengerot zum Contournement gemaach hunn (Annexe). Dëst ass iwwert all déi Joeren net gemaach ginn. Réischt den Transportminister François Bausch huet all méiglech Varianten no kloren Critèren ënnersiche gelooss an huet versprach sech un d'Conclusiounen vun dëser Analys ze halen.

Dofir vun déi gréng Käerjeng e grousse Merci un de Minister François Bausch, dass hien dat wat e versprach huet och gehalen huet a Neel mat Käpp gemach huet.

Mär wäerte weiderhin den Dossier vu ganz no suivéieren fir sécherzestellen, dass all déi versprachen Mesuren ëmgesat ginn: de Schutz vun de Bierger, déi no um Contournement wunnen, d'Kompensatiounen fir den Impakt op d‘Natur esou kleng ewéi méiglech ze halen an de Réckbau vun der N5 fir endlech nees Liewensqualitéit an d‘lëtzebuerger Strooss ze kréien.