Subventiounskatalog fir d'Bierger am Kader vum Klimapakt

Publié le

Enn 2012 gouf de Klimapakt hei am Land an d’Liewe geruff. Dëse Vertrag tëschent dem Staat an de Gemengen ass geduecht fir dës finanziell ze ënnerstëtzen wann se Effort maachen fir den CO2-Ausstouss an hirer Gemeng erofzesetzen. 2013 ass d’Gemeng Käerjeng dem Klimapakt bäigetrueden an mir hunn d’lescht Joer déi éischt Zertifikatioun ugefrot, wou mir dunn direkt d’Hürd vun de 50% gepackt hunn, an deementspriechend bis 2021 all Joer 250 000 € kréien, fir eis ze encouragéieren, weider an där Richtung ze schaffen.

Et wäert awer net duer goen, all eis Gemengegebaier ze sanéieren an Energieschleideren duerch nei Passivbauten ze ersetzen. Grad esou ewéi de Staat seng Gemengen brauch fir am Kampf géint den Klimawandel weiderzekommen, brauch och all Gemeng hir Bierger, déi matt hiren Haiser an Verbräich prozentual vill méi an d’Gewiicht falen ewéi eng Gemengeverwaltung.