Spillplazen zu Käerjeng

Publié le

Eis ass opgefall, dass an der Lescht vill an der Gemeng iwwert d’Situatioun vun de Spillplazen diskutéiert gëtt.

Déi gréng wollte wëssen op de Schäfferot e Plang ausgeschafft huet a wéi eng Richtung et soll goen. Gi mer éischter op de Wee vu lauter Quartiersspillplazen, wou d’Kanner déi do wunnen sech kënnen treffen oder gi mer op de Wee vu vereenzelte grousse Spillplazen, wou d’Elteren da musse matt hire Kanner hifueren ?

Oder probéiere mer eng Zwëscheléisung ze fannen, wou all Lokalitéit déi eng oder aner kleng Spillplaz huet a mer an der aler Gemeng Bascharage och nach eng grouss Spillplaz opriichten, wéi mer se zu Kënzeg op der Gare hunn, wou kleng a grouss sech kënnen treffen an da matt oder ouni Elteren.