Resolutioun Ënnerbréngung vu Flüchtlingen zu Käerjeng

Publié le

De 6 Oktober ass am Gemengerot iwwert de Beitrag dee Käerjeng an der Ënnerbréngung vu Flüchtlinge ka leeschten diskutéiert ginn an dono ass unanime eng Resolutioun dozou ugeholl ginn, déi vum Schäfferot proposéiert ginn ass. Hei d'Positioun vun déi gréng Käerjeng

Ech si frou, dass no menger Ufro am lescht Gemengerot fir driwwer ze diskutéieren wéi d’Gemeng Käerjeng sech kinnt an der Ënnerbréngung vu Flüchtlingen engagéieren, dëst lo um Ordre du jour vun dësem Gemengerot steet.

............

Déi gréng sinn der Meenung, dass een muss als Gesellschaft bereet sinn Leit an extremer Nout ze hëllefen. Wann ee gesäit wat a Syrien oder a verschiddenen Länner an Afrika lass ass, kann et net sinn, dass een en Drot spaant a mëscht, wéi wa näischt wär oder wéi wann déi Problemer ee näischt géingen ugoen.