Projet Spillschoul a Maison Relais Bascharage

Publié le

  • Originellen Projet, deen sech net nëmmen ganz an d’Architektur vun den Haiser ronderëm afüügt, mä duerch seng massiv Holzbauweis a seng natierlechen Materialien, säin gréngen Daach mat Hochbeeter, sech och harmonesch an d’Natur nieft der Mierbaach abënnt.

Mir hunn eis am Kader vum Klimapakt zu engem ganze Koup vun Moossnamen engagéiert, deene mir mat deenen zwee Projete, déi haut presentéiert ginn, nees voll Rechnung droen. Dës Gebaier droen de Critère vun der Nohaltegkeet an der Kreeslafwirtschaft Rechnung, wat de Budget de Moment e bëssen erhéicht, mä woufir déi nofolgend Generatiounen eis awer Merci soen. Esou gouf iwwerall op deen net ganz ekologeschen Styropor verzicht, deen zwar aus der E-Klass ABA nach en AAA gemaach hätt. Mä well d’Gebaier souwisou net ganz vill Energie wäerte verbrauchen, hunn mir eis léiwer fir nohaltegt Isolatiounsmaterial entscheet.