Presentatioun Käerjeng hëlleft

Publié le

Am Gemengerot vum 8 Juli 2013 ass de Projet „Käerjeng Hëlleft“ virgestallt ginn. Hei eis Iwwerleeungen dozou.

déi gréng fannen et wichteg a richteg, dass an der Gemeng Käerjeng eng Associatioun an d'Liewe geruff geet déi et als Ziel huet, sou wuel um internationalen wéi um nationalen Plang, Leit a Nout ze ënnerstëtzen.

Dass d'Initiativ vun der Gemeng ausgeet an sou eng Virbildfonktioun iwwerhëlt, garantéiert, dass des Associatioun déi néideg Ënnerstëtzung wäert kréien fir hire Missioune gerecht ze ginn.