Politeschen Entschloss zu Reduzéierung vun de Pestiziden an der Gemeng Käerjeng

Publié le

Déi lescht Wochen gouf vill dervun geschwat, dass offiziell vun der EU- Kommissioun déi 3 geféierlechst Pestiziden (néonicotinoides), déi fier d’Beiestierwen verantwortlech sinn, ab 1.Dezember 2013 verbuede ginn.

D’Pestiziden allgemeng, net nëmmen déi 3, déi verbuede solle ginn, sinn Gëfter a matt responsabel um beängschtegendem  massiven Beiestierwen iwwerall op der Welt. Dorun hänkt och direkt de Verloscht vun der Biodiversitéit. Ouni Beie get et keen Uebst méi, keng Friichten.. a wat dat fir de Mënsch bedeit  brauch ech iech net ze zielen.