Pfandbechere Käerjeng

Publié le

Et geet hei ëm d’Verléinen vun Glieser an Becheren vum Cupsystem un d’Veräiner vun eiser Gemeng. Am Sënn vun offallaarme Fester hate mir eis als Gemeng 2012 direkt no der Fusioun Becheren mam neie Logo vun der Gemeng ugeschaaft, déi ëmmer erëm kenne gebraucht ginn. Dëst Konzept gëtt regelméisseg ausgebaut fir ëmmer manner Offall op de Fester an der Gemeng ze produzéieren. 

Am Laf vun 2012 waren se e puermol am Gebrauch fir Gemengefester.

2013 hunn mir nach flott Wäin-a Schampesglieser bäikaaft fir en komplette Stock ze hunn. All Veräin, dien des Glieser bis elo am Kader vun de Gemengefester genotzt huet, krut se gratis géint eng Kautioun zur Verfügung gestallt. Dat wäert och weider esou bleiwen fir Nationalfeierdag an de Chrëschtmaart.

An enger zweeter Etapp kann d'Gemeng de Veräiner zënnter 2013 d'Becheren fir hir eegen Fester verléinen. 

Déi ganz Aktioun matt de Becheren huet ganz vill Succès bei eise Veräiner, an mir ginn ëmmer méi och op nach méi kleng Quantitéiten ugeschwat. Dëser Nofro kommen mir elo 2014 no: mir hunn eis méi kleng Këschten ugeschaf a mussen elo nach just eist Reglement matt ugepassten méi niddregen Taxen erweideren.