Klimapakt

Publié le

D’Ziel vum Klimapakt ass et, dass d’Gemengen, déi méi no um Terrain sinn wéi de Staat, lokal a regional aktiv ginn fir d’Zäregasen ze reduzéieren, zu deem sech de Staat international verflicht huet, an dofir ënnerstëtzt de Staat si finanziell. 

Des Majoritéit huet et sech ob de Fändel geschriwwe fir aktiv ze ginn am Kampf géint Zäregasen. Haut weise mer rëm, hei am Gemengerot, dass mer et matt dësem Engagement eescht mengen. Nodeems mer Enn d’lescht Joer eng gemeinschaftlech Photovoltaikanlag, wou d’Bierger sech konnten akafen, gehollef hunn ëmzesetzen, nodeems mer 2013 Member beim Klimabündnis gi sinn a nodeems mer d’Studie vun engem Energiekonzept an d’Wee geleet hunn si mer lo sou weit fir ob de Wee vum Klimapakt kënnen ze goen.