Käerjenger VëlosBoxen

Publié le

D’Gemeng Käerjeng investéiert schonns laang an sécher Fouss a Vëlosweeër. Besonnesch och als KlimaPakt-Gemeng maachen mir alles fir d’Mobilité douce weider virun ze bréngen, Ufangs wollte mir wéi aner Stied och beim Vëlo-Locatiounssystem matmaachen, mä d’Densitéit vun eisen Uertschaften ass net ideal fir Statiounen mat Gemengevëloen unzebidden. Well vill Leit e gudden Vëlo doheem hunn, deen se awer net gär onbeopsiichtegt iergendwou stoe loossen, hunn mir äis decidéiert Vëloskäfeger opzestellen. Déi éischt zwee stinn op Acker, een bei der Cogeneratiounsanlag, virun allem fir d’Schoulkanner geduecht, an een bei der Sportshal. Weiderer sinn schonns virgesinn um Dribbel, um Schoulsite zu Kéinzig an bei der Museksschoul. Duerno musse mir kucken, wou nach Besoin ass.