Käerjeng goes FAIRTRADE

Publié le

Déi éischt Fairtrade-Organisatiounen sinn 1949 an Nordamerika entstanen, ier se sech an de 60er Joeren an Europa verbreed hunn. Hiert Zil war et, no der Ausbeutung an der Kolonialzäit virun allem déi kleng Produzenten am Süden elo duerch e gerechten Handel matt hinnen ze ënnerstëtzen . 

D’ONG „Fairtrade Lëtzebuerg“ gouf 1992 gegrënnt an huet als Missioun de groussen Public duerch konkret Aktiounen ewéi Ateliere a Konferenzen fir den gerechten Handel matt den klengen Produzenten aus dem Süden opmierksam ze maachen.