Fermeture Commissariat de Proximité Bascharage

Publié le

Déi gréng sinn der Meenung, dass d’Police no de Besoinen vun der Bevëlkerung muss kucken, dass se no beim Bierger soll sinn, dass se lauschtert wat de Bierger ze soen huet an dass se schnell op der Plaz ka sinn wa se geruff gëtt.

Déi gréng hunn och d’Impressioun, dass Polizeiaarbecht de Moment zu Käerjeng gutt fonctionnéiert. Och Zesummenaarbecht matt der Gemeng klappt gutt. D’Polizisten vu Bascharage kennen d’Situatiounen vun deene verschiddene Lokalitéite ganz gudd. D’Fro stellt sech ob eng oder méi Persounen zoustänneg fir Käerjeng wären, wa Bascharage zougemaach gief ginn, fir ze garantéieren, dass eng Kontinuitéit an der Polizeiaarbecht do ass.

.............

Déi gréng wëllen ob jiddwerfall, dass déi Servicer déi momentan gutt fonctionnéieren och no der Reform nach grad sou gutt fonctionnéieren. D’Proximitéit zum Bierger an zu der Gemeng muss erhale bleiwen.
Aus all dëse Grënn sinn déi gréng der Meenung, dass et besser wär wann de Commissariat de proximité vu Bascharage géing bestoe bleiwen.