Ensemble contre le gaspillage alimentaire!

Publié le

Et ka jo ne sinn, dass 1/3 vun alle Liewensmëttel déi weltwäit produzéiert ginn,
ewechgehäit ginn an gläichzäiteg awer bal 1 Milliard Mënschen op der Welt
nach ëmmer Honger leiden.
Wann een dann bedenkt, dass also och 1/3 vun den Notzfächen ëmsoss
bewässert ginn mat Waasser, wat op anere Plazen feelt a dass fir d’Hierstellung
an d’Entsuergung vun den ewechgehäiten Liewensmëttel pro Joer bal esou vill
CO2 ufält wéi all Joer a ganz China, dann gesäit een, dass de Problem vum
Gaspillage alimentaire ganz komplex ass.
Als Klimapaktgemeng suggeréieren mir Iech dofir déi virleiend ergänzten
Motioun, déi e bëssen méi weit geet an op eis Gemeng ofgestëmmt ass.