ENERGIE-KLIMA-EMWELT-CHARTE FIR VERÄINER

Publié le

Säit 2013 ass Käerjeng eng Klimabündnis-Gemeng an huet den Klimapakt ënnerschriwwen. Domadder hu mir en Engagement agaangen d'Zäregas-Emissioun an eiser Gemeng erofzesetzen an eis och aneren ëmweltrelevanten  Themen ze stellen.

D’ Ënnerschreiwe vun dëser Charta fir Veräiner, op fräiwëlleger Basis, ass och gekoppelt un eng Erhéijung vun de Gemenge-Subsiden.

Matt senger Ënnerschrëft verflicht sech de Veräin dozou sech u gewëssen Virlagen ze halen.