déi gréng Käerjeng kënnegen e Remaniement vun hire Mandatairen am Gemengerot un

Publié le

De Gemengerot Marc Hansen huet aus perséinleche Grënn aus dem Gemengerot demissionéiert. Hien ass virun 11 Méint als Deputéierten an der Chamber vereedegt ginn an huet besonnesch an deene leschte Méint misse feststellen, dass d’Dräifachbelaaschtung Deputéierten, Gemengerot an onofhängegen Apdikter schwiereg mateneen ze verbannen ass. Mat sengem Schrëtt soll an Zukunft méi Zäit fir seng Aarbecht an der Chamber a fir seng Famill erméiglecht ginn.

De Marc Hansen gëtt ersat duerch déi nächst gewielte Persoun op der Lëscht vun déi gréng. D’Antoinette Beck-Stiefer, 63 Joer al, huet an hirem fréiere Beruffsliewe laang Jore bei enger Entreprise geschafft, déi am Ëmweltberäich täteg ass. Si ass laangjäreg Presidentin vun der Kulturkommissioun, där och d’Organisatioun vun den Owescourse vun der Gemeng Käerjeng ënnerläit, Presidentin vun der Jugend- an Drëttalterskommissioun, Member vun der Kommissioun fir de sozialen Zesummenhalt a Member vum Fairtradegrupp vun der Gemeng Käerjeng. Matt hir wäerten déi gréng elo mat zwou staarke Fraen am Gemengerot vertruede sinn: eng gréng Schäffin, d’Josée-Anne Siebenaler-Thill an d’Antoinette Beck-Stiefer als nei gréng Gemengeréitin.