Contournement: Reaktioun op d'Kampagne vu Suessem

Publié le

Et ass also rem sou weit. De Contournement vu Bascharage schléit rem héisch Wellen an der Press an dat obwuel kee neit Element am Dossier ass.

Här Buergermeeschter, wéi der gesidd sin déi gréng der Meenung, dass déi Suessemer Kampagne näischt Neies zum Dossier beidréit, sou wéi dat jo och de Staatsekrétär Camille Gira an der Press gesoot huet. Rauszefannen wat Zweck a Sënn vun dëser Kampagne soll sinn iwwerloosse mär de Bierger. Mär kënnen ob jiddwerfall keng nei Elementer erkennen a bleiwen dofir ob eiser Positioun vum Juni 2016, dass et keng Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun de Bierger vu Bascharage ka gin ouni de Verkéier aus der Lëtzebuergerstrooss rauszehuelen.