Budget 2016

Publié le

An engem Moment wou zu Paräis all d’Natiounen um COP21 iwwert de Klima diskutéieren an verhandelen, schéngt et eis wichteg dësem Thema och an dëser Budgetsdiskussioun eng grouss Plaz ze ginn. Wann een iwwert d’CO2-Reduktiounsziler schwätzt, schwätzt ee net just iwwert den Energieverbrauch vun den Haiser, der Gemengeninfrastruktur, der Industrie oder soss Entreprisen oder den Transport. Nee mär schwätzen virun allem och iwwert Gewunnechten vun de Leit am Alldag, ob der Aarbecht am Choix vun hiren Transportmëttelen. Mär schwätze souguer vun de Gewunnechten ze iessen, vu Konsumverhalen, asw. Alles Saachen, wou ee kann CO2-Reduktiounen ereeschen, mee well et u Gewunnechten hänkt ass et schwéier dëst ze änneren.

Wéi de Buergermeeschter dat a senger Presentatioun läschte Méinden gesot huet hu mär awer d’Ambitioun fir an dësem Beräich grouss Efforten ze maachen. Dëst um Niveau vun der Gemeng, mee mär wäerten och probéieren sou vill wéi méiglech Bierger matt an d’Boot ze kréien a wann d’Geleeëenheet sech bitt, selbstverständlech och d’Betriber. Well nëmme wa mer alleguer um selwechte Strang zéien wäerte mer gutt Resultater erzielen.